Souvill zur Informatiounspolitk zu Lëtzebuerg… [2. Update]

An enger Pressematdeelung huet de Websécherheets-Service vum Wirtschaftsministère (och bekannt ënner Kéis CASES oder kuerz “Cyberworld Awareness Security Enhancement Structure”) haut matgedeelt, dass ee “renomméierte lëtzebuergeschen Internet-Site” mat engem Trojaner infizéiert war. Esouwäit näischt spektakuläres, esou eppes kënnt alt emol vir. Mee:

Laut Informatioune vun RTL Radio ass dës Infektioun awer schon am Januar detektéiert a behuewe ginn. D’Warnung kënnt also vill zevill spéit. Méiglech Konsequenze vun Infektioune (wann et der goufen) sinn also scho laang agetratt. Dobäi kënnt, dass d’Warnung lächerlech ondétailéiert ass. Wouranner besteet de Sënn dovunner wann een net emol den Numm vum betraffene Site gewuer gëtt? Dat huet näischt mat negativer Reklamm fir dee betraffene Site ze dinn, mee et ass de Minimum, deen een sollt matgedeelt kréie fir de Krees vun de Betraffenen anzegrenzen.

Et wier vläit esouguer duergaangen den Numm vum Trojaner ze nennen. Domat kéint ee weider Schrëtter ënnerhuelen: Déi grouss Antivirus-Hiersteller bidde fir all detekéierten Trojaner Informatiounen wéieng Donnée geklaut ginn a wéi den Trojaner fonnt a gelöscht ka ginn. Oft bidden se esouguer kleng Hëllefsprogrammer fir schnell eng limitéiert Unzuel un heefege Viren an Trojaner ze eliminéieren.

De CASES-Service bleift dozou awer stomm a réit am Géigendeel mol ganz locker ganz Lëtzebuerg soll seng Antivirusen iwwerpréiwen: “CASES, la Police Grand-Ducale et l’ABBL conseillent aux internautes de vérifier à l’aide d’un antivirus à jour si leurs ordinateurs ont été infectés.”

Fazit: Wann dee Service weiderhin esou onnëtzlech Informatiounen verdeelt kënnen se et och direkt si loossen a léiwer eppes méi sënnvolles maachen. Zum Beispill Beamtemikado spillen.

[Update] Laut enger zouverlässeger Quell handelt et sech beim betraffene Site ëm hot.lu, e Portal fir Internetsäiten ze erstellen dee vu ville Jugendleche frequentéiert gëtt. Ech ginn dovun aus dass dës Informatioun muer och an der geschriwwener Press ze fannen ass. [2. Update: stillschweigen]

Weider Informatiounen:

These icons link to social bookmarking sites where readers can share and discover new web pages.
  • bodytext
  • del.icio.us
  • Facebook
  • Google
  • Slashdot
  • Technorati
  • StumbleUpon

6 Responses to “Souvill zur Informatiounspolitk zu Lëtzebuerg… [2. Update]”


  1. 1 claud^e

    Staarken Tubak, an ech ginn der vollkommen Recht. Den Numm vum Trojaner hätten se roueg keinten uginn, dass een weider Schrett keint ennerhuelen. Den CASES hellt seng Aufgab wuel net besonneg serieux.

  2. 2 pa

    Wat stoung dann um RTL? Hir Linken gin ëmmer nëmmen eng kuerz Zäit.

  3. 3 michel

    @pa: Ech hunn der eng Kopie vum RTL-Artikel gemailt déi ech virsiichtshalber gemeet hat.

  4. 4 Johny Goerend

    Absolut lächerlech :) Typesch eben …

  1. 1 Politesch Reaktioun op de CASES-Communiqué at Michel Weimerskirch
  2. 2 CASES-Communiqué: Äntwert vum Minister Jeannot Krecké at Michel Weimerskirch

Leave a Reply